Aly Jaerling

Tel:
+352 621 151592

E-Mail:
jaly@pt.lu

Äentwert vum 05.02.2009 vum Här Emweltminister op eng Fro iwwer de Sënn vun eisem Recyclingsystem

Réponse du Ministre de l’Environnement à la question parlementaire No 3065 de l’honorable député Aly Jaerling.

Den Emweltminister an d’Servicer vun der Emweltverwaltung hu bis elo nach keng Informatioune krut, datt verschidden Offallfraktiounen, déi hei zu Lëtzebuerg separat agesammelt goufen, nët méi an de Recyclingprozess agefouert konnte ginn.

D’Tatsaach ass awer, datt ët um internationale Marché e grousse Präissverfall gouf....Ech well mei wessen


Äntwert vum Gesondheetsminister op déi parlamentaresch Ufro No 3051 vum Här Deputéierten Aly Jaerling iwwer d’Arbechten am « Building » vum CHNP. (Fro vum 22.12.2008)

Ech wëllt den éierewàerten Deputéierten drop hiweisen, datt säit engem Gesetz vun 1998 den CHNP een « établissement public » ass, deen autonom gefouert gëtt an net méi direkt vum Stat ofhänkt.

Méi kleng Investissementer, fir déi keng finanziell Hëllef vum Stat an Usproch geholl gëtt op Grond vum Finanzéierungsgesetz, gi vum Verwaltungsrot décidéiert....Ech well mei wessen


Äentwert vum 23.01.2009 vum Här Transportminister op eng Fro vum 10.12.2008 iwwer d’Sëcherheet vun de Foussgänger.

Réponse de Monsieur Lucien LUX, Ministre des Transports, à la question parlementaire No 3023 du 10 décembre 2008 de Monsieur le Député Aly JAERLING
A senger parlamentarescher Fro wëllt den honorabelen Deputéierte gäre Renseignementer hunn, wat d’Regierung gedenkt ze ënnerhuele fir d’Zuel vun de Foussgänger, déi am Strosseverkéier leie bleiwen, an de Grëff ze kréien.

Nach ni war d’Zuel vun den déidleche Verkéiersaccidenter esou niddreg wéi am Joer 2008, esou datt Lëtzebuerg d’europäescht Ziel fir d’Zuel vun de Verkéiersaffer vun 2001-2010 ëm 50% ze reduzéieren quasi schonns d’lescht Joer erreecht huet....Ech well mei wessen


Äentwert vum 19.01.2009 op eng Fro vum 03.12.2008 fir waat datt dem Här Guy Peiffer séng Affekoten sein Dossier net zougestallt kréien.

Réponse de Monsieur Luc Frieden, Ministre de la Justice, à la question parlementaire no 3012 du 3 décembre de l’honorable député Aly Jaerling.

Dans sa question parlementaire, Monsieur le Député Aly Jaerling se réfère à un courrier publié dans la presse et émanant des avocats d’un détenu, courrier dans le quel ceux-ci se plaignent du fait qu’ils n’ont pas accès au dossier répressif relatif à la condamnation du détenu en question....Ech well mei wessen


Fro vum 21.01.2009 un den Här Arbechtsminister iwwer d'Gefor, datt wéint der Kriis héichqualifizéiert Persounen d'Land verloossen

Här President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Arbechtsminister weider ze leeden:

Mer stiechen an enger Finanz- an dorauser resultéirenden Wirtschaftskriis.

De Moment nach schaffen bei eis vill héichqualifizéiert an experimentéiert Spezialisten an Beräicher wéi Finanz- ann Versëcherungs, Medien, neien Technologien, Fuerschung, Logistik, a.s.w.....Ech well mei wessen


Fro vum 18.01.2009 un den Här Gesondheetsminister iwwer d'Konsequenzen vun der Keeltperiod bei eelere Leit

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden:

„Am Joer 2003 haate mer eng Hëtzwell, déi an Europa vill Leit d’Liewe kascht huet. Vill Regierungen gouwen deemools iwwerrascht an woaren méi oder wéineger onvirbereed op esou Wiederauswiirkungen.
Bis virun e puer Deeg woaren mer matt enger extremer Keelt konfrontéiert, déi ërem a priori déi selwescht Kategorie vu Leit prekariséiert:

eeler Leit aus eiser Gesellschaft, déi eventuell alleng liewen, de facto isoléiert vum Gesellschaftsliewen, gesondheetlech fragil an ufälleg sinn, an déi eventuell och nach a Gebeier musse liewen, déi net op esou extrem niddreg Temperaturen iwwert esou lang Zäit virbereed sinn, oder wann de Budget fir Heizes net an dem néidege Mooss disponibel ass....Ech well mei wessen


Fro vum 18.01.2008 un den Här Staatsminister an den Här Justizminister iwwer déi britesch Initiativ e-mailen fir een Joer wëllen ze späicheren.

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Staatsminister an den Här Justizminister weider ze leeden:

Aus der internationaler Press woar gewuer ze ginn, datt Groussbritannien, opgrond vun enger EU-Dirketiv, déi mer nët bekannt ass, ab dem 5. am Lenz 2009 all Internet Service Provider wëllt verpflichten de gesamten e-mail Verkéier vun der ganzer englescher Bevölkerung fir Dauer vun engem Joer ze späicheren....Ech well mei wessen


Äentwert vum Här Transportminister vum 14.01.2009 op eng Fro vum 02.12.2008 iwwer d’Kontrollmechanismen beim e-go-System

Réponse de Monsieur Lucien LUX, Ministre des Transports à la question parlementaire No 3005 du 2 décembre 2008 de Monsieur Aly Jaerling...Ech well mei wessen


Fro vum 09.01.2009 un den Här Finanzminister iwwer d?senken vum TVA-Saatz an England an d'Konsequenzen dovunner fir Lëtzebuerg

Betrefft: Parlamentaresch Fro

Här President!

Laut Chambersreglement bieden ech Iech folgend Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden:

Enn lescht Joer, huet déi englesch Regierung d’Entscheedung getraff, fir vum 1.12.2008 un d’TVA an England vun 17,5% op 15% ze reduzéieren.

Daat gouw gemaach fir de Konsum am Land nees ze relancéieren nodeems d’Kaafkraaft duerch déi ekonomesch an finanziell Kris drastesch gelidden hat....Ech well mei wessen


Fro vum 09.01.2009 un den Här Emweltminister iwwer eisen Recyclingsystem

Betrefft: Parlamentaresch Fro

Här President!

Laut Chambersreglement bieden ech Iech folgend Fro un den Här Emweltminister weider ze leeden:

Matt der wirtschaftlecher Kriis ass et och Enn 2008 zu engem Verfall vun de Präisser fir Rohstoffer komm.

Daat betrëfft an éischter Stell daat bekannten Beispill vun de Petrolsprodukter, allerdéngs sinn och nach aner Wertstoffer an engem ähnlechen Mooss vun dësem Präissverfall betraff....Ech well mei wessen



Pages: << Prev 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 Next >>